Harmonie Ste Cécile Kayl

fondée en 1888

Schülerband

 

Eisen Dirigent vun der Schülerband

De Marc Gillet ass den 11. Abrëll 1980 zu Diddeleng gebuer. Hien ass mat 7 Joer an d'Käler Musek gaangen, wou e beim demolegen Dirigent, dem Joël Sand, seng éischt Noute geléiert huet. E Joer méi spéit huet en Trompett ënnert dem Joël Sand am Conservatoire zu Esch geléiert, wou en och a Cours'e fir Solfège an Déchiffrage war. Vun 1998 bis 2000 huet en an der Museksschoul zu Diddeleng Cours'e fir Xylophon, Marimbaphon a Vibraphon beluet.

Am September 2000 ass en op d'University of Wales zu Aberystwyth englesch Literatur studéiere gaangen. Op der Uni huet e vun 2000 bis 2003 a verschiddene Formatioune Musek gespillt, ënnert anerem an der Aberystwyth University Wind Band, der Aberystwyth Silver Band (eng walisesch Brass Band), dem Sinfonieorchester Philomusica of Aberystwyth, an engem Musical-Orchester. Vun 2003 bis 2004 huet en e Master of Arts an englescher Literatur op der Sussex University zu Brighton an England ofgeschloss.

No dem Studium huet en nees ugefaange regelméisseg an de Reie vun der Käler Musek Trompett ze spillen. E schafft haut als Engleschprof am Lycée Hubert Clement zu Esch an am Stater Kolléisch. Zënter dem Januar 2010 dirigéiert en d'Käler Schülerband.

Zanter 2012 ass heen Trompettist bei der Nobby Dixie Band, mat dir en eng sëllechen Optrëtter huet