Verdéngschtvoll Museker
Iwwert de Veräin
Am Ufank stoung d'Loscht um Musizéieren vu 6 Leit aus 2 Familjen. Et waren dat déi dräi belsch Gebridder Lecuit déi sech mat den 3 Elsässer Putz zesummegesat hun fir mateneenhirer Leidenschaft nozegoen.Als éischteProufsallhuet Colas-Haus um Haff mussen duerhalen.
Den 1. Mee 1888 war et dann esou wäit, d'Kand gouf op de Numm Cäciliagedeeft an huet ënner der Leedung vum éischte President, dem Buergermeeschter Nic Wilhelm-Schmit, seng éischt Schrëtt gemaach. Ënnert der Baguette vum éischten Dirigent, dem H. Krein, hunn déi elo schonn 19 Musikantenäifreg Stécker ageprouwt déi si scho 4 Deeg méi spéit zum beschte ginn hunn. Ganz houfreg an a fonkelneier Uniform, eng Kap mat engem roude Knapp, sinn si déi éischte Kéier ëffentlech opgetruedenfir deen neie Paschtouer , dee vu Fëschbësch koum, feierlech ze begréissen.
Schon zwee Méint méi spéit gouf déi éischt Generalversammlung organiséiert, an esou goufen déi éischt Statuten vum MUSIKVERÄIN CÄCILIA KAYL gestëmmt an a Kraaft gesaat. D'Musikante koume regelméisseg zesummen fir ënnert dem Daach vun der aler Schoul ze prouwen an d'Novemberkiermes hieren Optrët ze hunn. Dat huet déi éischt Equipe awer net ausgelaascht, a si hunn esouguer nach Zäit fonne fir Theaterowender ze organiséieren.
De jonke Veräin ass nët op der Plaaz getrëppelt, mee huet sech ëmmer nees nei Zieler gesatOP Ouschterméindeg 1890 huet d'Käler Musek op de Widdem invitéiert fir dem ganzen Duerf hiren neien an éischte Fändel virzestellen. Den J.B. Neiens war dee Mann deem d'Éier hat éischten Dréier vun dem 250 Frang deiere Stéck ze sinn. Mat deem stolze Präis huet déi nei Uschafung fir den éischten Defizit am Veräinsbilan gesuergt, huet déi deeemools 22 aktiv an 18 inaktiv Memberen a kenger Hinsichtdecouragéiert. Am Joër 1891 sinn si der nei gegrënnter "Union Grand Duc Adolphe" bäigetrueden an hu vun 1892 un un dem sougenante "Concours" deelgeholl.
Mer schreiwen d'Joër 1898, an ënnert deem neien Numm HARMONIE CÄCILIA feiert de Veräin säin éischte grousse Jubiläum. Op dësem10. Gebuertsdag ass den Henri Frank-Nilles President an zielt 30 Musikanten a 50 Èierememberen.
Dirigenten
1. H. KREIN vun 1888
2. J.B. POMMERELL
3. H. PAULUS
4. LEON
5. Peter PUTZ vun 1894 bis 1897
6. August KLEIN vun 1897 bis 1904
7. Willy GOETZ vun 1904 bis 1906
8. Louis WIEBLEB vun 1907 bis 1908
9. August KLEIN vun 1909 bis 1919
10. Emile HECK vun 1919 bis 1923
11. Nic. BOHNENBERGER vun 1923 bis 1924
12. Charles EHSES vun 1924 bis 1926
13. Louis MEYER vun 1926 bis 1929
14. Henri ANCION vun 1929 bis 1930
15. Jules KRÜGER vun 1930 bis 1935
16. Léon TRIBOU von 1935 bis 1938
17. Paul PIERRARD vun 1937 bis 1941
18. Gust REIMEN vun 1942 bis 1944
19. Jean SCHMIT vun 1944 bis 1945
20. Paul PIERRARD vun 1945 bis 1949
21. Lucien REUTER vun 1949 bis 1955
22. René HARTERT vun 1956 bis 1973
23. Francois ORVAL vun 1973 bis 1975
24. René HARTERT vun 1974 bis 1976
25. Jacques ASSELBORN vun 1977 bis 1982
26. Joel SAND vun 1982 bis 1995
27. John SCHNEIDER vun 1995 bis 1998
28. Roland CHAUMONT vun 1998 bis 2000
29. Philippe AUTELET vun 2000 bis 2003
30. Martin NEUKIRCH vun 2003
31. Mike GERGES vun 2003 bis 2005
32. Claude SCHENTEN vun 2005 bis 2010
33. Laurent BAUVIN vun 2010 bis 2013
34. Sandro BUCCIARELLI vun 2013 bis 2023
35. André CAÇADOR vun 2023 bis haut
Presidenten
1. Nic. WILHELM
2. Jean-WILHELM- BESTGEN
3. Michel-PAULY-SADLER
4. Jean MASSARD
5. Henri FRANK-NILLES
6. Eugène DONDELINGER
7. Michel HAGEN
8. Jacques MITTEN
9. Jean-Baptiste NEIENS
10. Eugène DONDELINGER
11. Philippe REIMEN
12. Marcel JOMINET vun 1937
13. J.P. MEISCH vun 1937 bis 1938
14. Philippe Reimen vun 1939 bis 1946
15. Jos. MILLE vun 1947 bis 1956
16. Michel MEYLENDER vun 1956 bis 1958
17. Albert MAAS vun 1959 bis 1962
18. Marcel KERSCHEN vun 1962 bis 1975
19. Georges GENGLER vun 1975 bis 1976
20. Marcel MILLE vun 1976 bis 1988
21. Jean SIMON vun 1989 bis 1994
22. René LICKES vun 1994 bis 1997
23. Paul KERSCHEN vun 1997 bis 2000
24. Jean SIMON vun 2002 bis 2003
25. Jean-Pierre WILWERT vun 2003 bis haut