Harmonie Ste Cécile Kayl

fondée en 1888

Eng Rees duerch d'Geschicht vun der Käler Musek

 

1888 - 1938

Grënnungsäifer an Opschwong
 
 
Am Ufankstoung d'Loscht um Musizéierenvu 6 Leit aus 2 Familjen. Et waren dat déi dräi belsch Gebridder Lecuit déi sech mat den 3 Elsässer Putz zesummegesat hun fir mateneenhirer Leidenschaft nozegoen.Als éischteProufsallhuet Colas-Haus um Haff mussen duerhalen.

Den 1. Mee 1888 war et dann esou wäit, d'Kand gouf op de Numm Cäciliagedeeft an huet ënner der Leedung vum éischte President, dem Buergermeeschter Nic Wilhelm-Schmit, seng éischt Schrëtt gemaach. Ënnert der Baguette vum éischten Dirigent, dem H. Krein, hunn déi elo schonn 19 Musikantenäifreg Stécker ageprouwt déi si scho 4 Deeg méi spéit zum beschte ginn hunn. Ganz houfreg an a fonkelneier Uniform, eng Kap mat engem roude Knapp, sinn si déi éischte Kéier ëffentlech opgetruedenfir deen neie Paschtouer , dee vu Fëschbësch koum, feierlech ze begréissen.

Schon zwee Méint méi spéit gouf déi éischt Generalversammlung organiséiert, an esou goufen déi éischt Statuten vum MUSIKVERÄIN CÄCILIA KAYL gestëmmt an a Kraaft gesaat. D'Musikante koume regelméisseg zesummen fir ënnert dem Daach vun der aler Schoul ze prouwen an d'Novemberkiermes hieren Optrët ze hunn. Dat huet déi éischt Equipe awer net ausgelaascht, a si hunn esouguer nach Zäit fonne fir Theaterowender ze organiséieren.

De jonke Veräin ass nët op der Plaaz getrëppelt, mee huet sech ëmmer nees nei Zieler gesatOP Ouschterméindeg 1890 huet d'Käler Musek op de Widdem invitéiert fir dem ganzen Duerf hiren neien an éischte Fändel virzestellen. Den J.B. Neiens war dee Mann deem d'Éier hat éischten Dréier vun dem 250 Frang deiere Stéck ze sinn. Mat deem stolze Präis huet déi nei Uschafung fir den éischten Defizit am Veräinsbilan gesuergt, huet déi deeemools 22 aktiv an 18 inaktiv Memberen a kenger Hinsichtdecouragéiert. Am Joër 1891 sinn si der nei gegrënnter "Union Grand Duc Adolphe" bäigetrueden an hu  vun 1892 un un dem sougenante "Concours" deelgeholl.

Mer schreiwen d'Joër 1898, an ënnert deem neien Numm HARMONIE CÄCILIA feiert de Veräin säin éischte grousse Jubiläum. Op dësem10. Gebuertsdag ass den Henri Frank-Nilles President an zielt 30 Musikanten a 50 Èierememberen.