Harmonie Ste Cécile Kayl

fondée en 1888

Eng Rees duerch d´Geschicht vun der Käler Musek

1888 - 1938

Grënnungsäifer an Opschwong

  

Am Ufank stoung d’Loscht um Musizéiere vu 6 Leit aus zwou Familljen. Et waren dat déi dräi belsch Gebridder Lecuit déi sech mat den dräi Elsässer Putz zesummegesat hunn fir mateneen hirer Leidenschaft nozegoen. Als éischte Proufsall huet d’Colas-Haus um Haff mussen duerhalen.

           Den 1. Mee 1888 war et dann esou wäit, d’Kand gouf op den Numm Cäcilia gedeeft an huet ënner der Leedung vum éischte President, dem Buergermeeschter Nic Wilhelm-Schmit, seng éischt Schrëtt gemaach. Ënner der Baguette vum éischten Dirigent, dem H. Krein, hunn déi elo schonn 19 Musikanten äifreg e puer Stécker ageprouwt déi si scho 4 Deeg méi spéit zum beschte ginn hunn. Ganz houfreg an a fonkelneier Uniform, eng Kap mat engem roude Knapp, sinn si déi éischte Kéier ëffentlech opgetrueden fir deen neie Paschtouer, dee vu Fëschbësch koum, feierlech ze begréissen.

Schonn zwee Méint méi spéit gouf déi éischt Generalversammlung organiséiert, an esou goufen den 10. Juli 1888 déi éischt Statuten vum

 

“MUSIKVEREIN CÄCILIA KAYL”

 

gestëmmt an a Kraaft gesat. D’Musikante koume regelméisseg zesummen fir ënnert dem Daach vun der aler Schoul ze prouwen an d’Novemberkiermes hiren Optrëtt ze hunn. Dat huet déi äerdeg Equipe awer nët ausgelaascht, a si hunn esouguer nach Zäit fonnt fir Theaterowender ze organiséieren.

          De jonke Veräin ass nët op der Plaaz getrëppelt, mee huet sech ëmmer nees nei Ziler gesat. Op Ouschterméindeg 1890 huet d’Käler Musek op de Widdem invitéiert fir dem ganzen Duerf hiren neien an éischte Fändel virzestellen. De J.B. Neiens war dee Mann deen d’ Éier hat éischten Dréier vun dem 250 Frang deiere Stéck ze sinn. Matt deem stolze Präis huet déi nei Uschafung fir deen éischten Defizit am Veräinsbilan gesuergt, huet déi deemools 22 aktiv an 18 inaktiv Memberen awer a kenger Hinsicht decouragéiert. Am Joër 1891 sinn si der nei gegrënnter “Union Grand Duc Adolphe” bäigetrueden an hu vun 1892 un un dem sougenannte “Concours” deelgeholl.

 

Mer schreiwen d’Joër 1898, an ënnert deem neien Numm “Harmonie Caecilia” feiert de Veräin säin éischte grousse Jubiläum. Op dësem 10. Gebuertsdag ass den Henri Frank-Nilles President an zielt 30 Musikanten a 50 Éierememberen.

 

Däischter Joeren a Réckschléi

 

Kuerz virum Enn vum Joerhonnert huet d’Käler Musek sech em deen neien a jéngste President aus hirer Geschicht, den E. Dondelinger, nei opgestallt an nei Ziler gesat. Den M. Hagen gouf Vizepresident an den A. Lecuit neie Sekretär. Tëschent deenen zwee leschtgenannten war d’Harmonie net ganz grouss, d’Meenungsverschiddenheeten sinn ëmmer méi grouss ginn, a wéi deen deemolege Paschtouer Nommesch och nach säi Pefferkär bäileeë wollt, huet dat zu gudder Lescht dozou gefouert datt d’Musek sech 1909 getrennt huet.

Béid Museken hunn den Numm Harmonie Caecilia gedroen an hunn sech allenzwou fir déi richteg Musek gehalen.

De Volleksmond huet do awer e kloren Ënnerscheed gesinn an huet d’Unhänger ronderëm de Präsident M. Hagen “schwaarz Musek” genannt, déi Leit ronderëm de Präsident J. Mitten kruten den Numm “roud Musek”.

Déi schwaarz Musek huet sech am Veräinshaus installéiert, déi roud Musek huet vun elo un am Danzsall vun der Famill Lecuit geprouft. Et war keng schéin Zäit an der Veräinsgeschicht, an esou sinn d’Streidereien nach Joere laang viru gaangen.

 

Ët geet nees biergop…

 

          Am Joer 1919 war et dann endlech esou wäit, déi nei vereenegt “Harmonie Caecilia” huet en neien Ulaf geholl. Den E. Dondelinger huet eng zweete Kéier d’Leedung vun der Musek iwwerholl an deen iwweraus beléifte Militärmuseker, dee bei de Musikanten als “Papa Klein” bekannt war, huet an dësem Joer, no 18 Joer Dingscht, den Dirigentebengel weiderginn.

          An deenen nächste Joeren stung d’Musizéieren am Mëttelpunkt an esou war et och net verwonnerlech datt d’Käler Musek regelméisseg an der “Division Supérieure” un den UGDA Concouren deelgeholl huet.

          E weideren Héichpunkt am Duerfliewen gouf et 1927, wéi d’Käler Musek zesumme mat der ganzer Bevëlkerung den neie Kiosk um Widdem ageweit huet. D’Feierlechkeeten hunn zwee ganzer Deeg gedauert an hunn hiren Ofschloss mat engem Freedefeier fonnt.

          Elo war d’Käler Musek zolidd opgestallt, a mat vill Elan an Asaz huet si am Joer 1938 hiren éischte grousse Jubiläum gefeiert : “50 Joer Harmonie Ste Cécile”. An der Veräinschronik  liese mer iwwer eng duerchaus gefëllte Woch mat enger ganzer Rëtsch vun Aktivitéiten ewéi : Concert, Fakelzuch a flott Owender. Sonndes, den 3. Juli ass en imposanten Ëmzuch duerch d’Stroosse vu Kayl gezunn, un deem net manner ewéi 62 Veräiner a Museksgesellschaften deelgeholl hunn. Als Ofschloss gouf um Kiosk um Widdem e fonkelneie Fändel ageweit.

 

1938 - 1988

 

          Mat Ausbroch vum 2te Weltkrich, kuerz no eiser 100-jähreger Onofhängegkeetsfeier, huet eng schlëmm Zäit fir eist Ländchen ugefaang. Wéi no der Evakuatioun déi Käler Leit nees an hir Haiser zeréckkomm sinn, hunn sie en zimlechen Duercherneen virfonnt, an eis Museksgesellschaft ass och net dovu verschount bliwwen. Am Museksall haten en etlech Raudien sech u Nouten an Instrumenter vergraff. D’Noute louche verspreet ueter de Sall a 27 Instrumenter ware ganz verschwonnen. Mee domat net genuch. Eisen däitschen Noperen hir sprëchwiertlech “Gründlichkeit” ass äis jo all e Begrëff, an esou kënne mer äis gudd virstellen, si hunn sech ëm alles a jiddereen gekëmmert. Näischt ass dem Zoufall iwerlooss ginn. Fir d’Veräinswiese war vun elo un e “Stillhaltekommissar” zoustänneg, d’Käler Musek krut d’Konte gespaart, war de Launen vun  der “Gesellschaft für Literatur und Kunst” ausgeliwwert an huet vun elo un eng Erlabnis fir all Méigleches gebraucht. Als interessant Beispill hu mer an eisen Archiven vun der uewe genannter Gesellschaft dat heite Schreiwes fonnt :

 

 

Gesellschaft für

Literatur und Kunst

                                                                                              Luxemburg, den 23. Oktober 1942

                                                                                              Poststrasse, 20

 

An die

Vereinsführer der Muskvereine

Des Gebietes

Luxemburg

 

 

Betr. Spielen des Hämmelsmarsches

 

            Wir teilen Ihnen mit :

 

1.)   Das Spielen des Hämmelsmarsches anlässlich der Kirmes- und nur bei diesem Anlass- ist erlaubt.

 

2.)   Ist eine Geldsammlung beim Spiel beabsichtigt, so fliesst der einkommende Betrag ganz dem WHW zu. Der Vereinsführer hat sich im Voraus mit dem zuständigen Beauftragten für das WHW in Verbindung zu setzen. Dem Beauftragten für das WHW ist es dabei überlassen, dem Verein für sein Spiel einen Zuschuss in seine Kasse zu zahlen oder sich den Spielern gegenüber sonstwie erkenntlich zu zeigen.

 

3.)   Der Vereinsführer ist voll verantwortlich für die s{o}nngemässe[1] Durchführung obiger Bestimmungen.

 

Damit steht ein alter luxemburger Volksbrauch in Zukunft im Dienste der Allgemeinheit. Wir erwarten von den Vereinen, dass sie von dieser Erlaubnis Gebrauch machen, und gerne die Gelegenheit ergreifen, diesen Brauch in den Dienst einer guten Sache zu stellen.

 

                 In diesem Sinne begrüssen wir sie mit

                                                                                                         

                                                                                                          Heil Hitler !

                                                                                                 GESELLSCHAFT FUR

                                                                                              LITERATUR UND KUNST

 

 

              Vun elo un gouf d’Käler Musek an déi däitsch Propagandamaschinerie agebaut. Si krut virgeschriwwen u verschidde Manifestatiounen deelzehuelen, däitsch Marschmusek ze spillen an, fir allen Ausrieden entgéingt ze wierke, kruten sie d’Noute gratis zur Verfügung gestallt.

             Esoubal nees Fridden am Land war, konnt och an der Musek erëm méi optimistech an d’Zukunft gekuckt ginn, an ouni Zäit ze verléieren gouf sech nei opgestallt an d’Freed un der Musek huet sech op en Neits duerchgesat. E grousst Evenement fir Kayl war ouni Zweifel wéi 1953 d’Käler Léiffrächen hiren 200-jährege Jubiläum an hir Kréinung gefeiert huet. D’Feierlechkeeten hunn eng Woch laang gedauert, a vum 19. bis de 26. Juli sinn d’Leit vu Kayl an aus der Emgéigend bei d’Grotte gepilgert. Souguer d’Lëtzebuerger Guiden hunn hiren Nationalcamp zu Kayl ofgehalen.

             D’Feierlechkeeten ware knapps eriwwer, do ass d’Gestreits ënnert de Musikante schonn erëm ugaangen. D’Meenungsverschiddenheete waren esou grouss, datt et um Enn vum Joer zum Broch komm ass, de ganze Comité huet demissionéiert, an eng handvoll Rabbelkäppercher hunn e Veräin am Veräin gegrënnt, deen ënnert dem Numm “Les amis de la musique” op der Gemeng Statuten hannerluecht huet. Och wann ee vun hinnen ni méi eppes héieren huet, haten sie dach vill Schiebele gemach. Knapp 28 Musikante waren iwwreg bliwwen an hunn ënnert der Presidentschaft vum Buergermeeschter M. Meylender an der Direktioun vum R. Hartert en neien Ufank gewot.

             Den Erfolleg ass net ausbliwwen an esou konnten sie am Mai 1958 vum UGDA Concours zwee éischt Präisser mat heem huelen a sinn domat an d’Grupp “Exellence B” komm.

            Vun elo un huet d’Musek e puer roueg Joeren erliewt an esou konnt een an enger gudder Stëmmung de 75. Gebuertsdag an Ugrëff huelen an organiséieren. Op der Bréck laanscht d’Bunn gouf e grousst Zelt opgeriicht a vum 8. bis de 16. Juni 1963 hu Concerten, Cabaret an Danzowender fir gudd Stëmmung am Duerf gesuergt. Als Ofschloss gouf de 16. Juni no engem imposanten Emzuch dee 4. Fändel an der Veräinsgeschicht am Festzelt ageweit.

             An dëser Zäit war de Veräin musikalesch op engem héigen Niveau an esou fanne mer an den Archiven e puer Auszeechnungen déi besonnesch an d’Ae stiechen, ewéi op den UGDA’s Concoursen d’Erreechen vun der “Division Excellence”. Ennert dem onermiddlechen Asaz vum Dirigent René Hartert koumen déi houfreg Musikanten 1968 matt engem “premier prix lecture à vue avec distinction” a “premier prix d’exécution avec distinction” vun Dikrech heem, en Erfolleg deen si nach e puer mol widerholl hunn.

            No 52 Joer Dingschter an der Musek huet de President M. Kerschen 1975 säin Amt un de G. Gengler weiderginn, deen awer nëmmen e Joer bei der Staang bliwwen ass. E Joer drop huet deen deemolegen Dirigent R. Hartert no 20 Joer voller Begeeschterung fir d’Käler Musek den Dirigentebengel definitiv néiergeluecht. Elo huet de Vize-President W. Lehnert zesummen mam Sekretär J. Simon d’ Musek geleet, bis 1977 de M. Mille d’Presidentschaft an de J. Asselborn den Dirigenteposten ugeholl hunn. Elo war d’Equipe erem komplett a voller Elan huet d’Musek  sech weiderentwëckelt.

 

            Um Enn vun de 70er Joeren sollt d’Bild vun der Musek awer komplett änneren, an esou liese mer am Keessebuch datt 3 Fraleitsuniformen fir Patrizia Battistella, Diane Leardini a Marie-Jeanne Speider bestallt goufen. D’Sensatioun vun deemols ass haut net nëmmen eng Selbstverständlechkeet mee en absolute “must” fir d’Musek iwerhaapt nach um Liewen ze halen. Déi 3 Meedercher goufe gefrot ob si léiwer Kapen oder Schëffelcher droe géifen, a mat 2/3 Majoritéit si vun elo un niewent “Kapen” och “Schëffelcher” am Cortège mat marschéiert a Richtung “Honnert Joer Käler Musek”.

 

            Dräi Joer virun deem groussen Evenement huet de Fred Coullen als President vum neigegrënnten Organistiounscomité 15 Leit ronderëm sech versammelt fir dat grousst Fest ze plangen an ze organiséieren. Fir déi enorm Aufgab ze meeschteren goufen eng Redaktionskommissioun, eng Finanzkommissioun, an eng Programmkommissioun an d’Liewe geruff. Fënnef Pätteren a fënnef Giedelen goufe sech eens fir d’Frais’en vun engem neie Fändel ze iwwerhuelen – dee 5ten an der Veräinsgeschicht.

             Esou opgestallt hunn si dräi Joer laang en enorme Pensum un Arbecht hannert sech bruecht fir der Käler Musek zwou Woche laang, vum 1. bis de 16. Oktober 1988, eng Gebuertsdagsfeier ze schenken wéi d’Duerf se bis dohinner nach nët gesinn hat. Zwou Woche laang hun déi verschidden Aktivitéiten am groussen Zelt op der Friddensplaaz ganz vill Leit ugezunn an esou war et dem Organisatiounscomité deemols méiglech der Käler Musek déi onwahrscheinlech Zomm vun enger Millioun Frang ze iwwerreechen.

President M.Mille a Caissier R. Bellomi waren der Meenung dat wier genau dee richtege Moment fir enger neier Equipe d’Rudder ze iwwerloossen a si hunn no zwielef a respektiv drësseg Joren hier Posten niddergeluecht. De Sekretär J. Simon gëtt neie President, de P. Harpes këmmert sech em d’Schreiwereien an den E. Huberty kritt eng gudd gefëllte Kees ze géréieren.

 

En neie Proufsall…

 

           Zanter der Grënnung bis elo huet d’Käler Musek vill Héichten an Déiften duerchlieft, huet de Kapp awer ni hänke gelooss an aus all Krisis ass sie gestärkt erausgaang. Méi wéi honnert Joer steet awer eng Saach nach ëmmer aus an dat sollt sech ugangs den 90er Joeren zum Gudden dréien. D’Käler Gemeng hat vun zwou Geleeënheete profitéiert fir Gebäilechtkeeten ze kafen, déi an hirer aler Fonktioun ausgedingt haten an drop gewaart hunn eng zweet Chance ze kréien.

 

            Esou gouf den 19. Januar 1990 déi emgebauten “Téitenger Schungfabrik” als neie “centre culturel” feierlech a Betrieb geholl an de Veräiner aus der Gemeng zur Verfügung gestallt. Elo war endlech e flotte geraimege Sall do, deen och der Käler Musek schonn oft als Concertssall gedingt huet. Zu der selwechter Zäit sinn awer an der Millegaass zu Käl d’Aarbechten an engem anere Gebai op Héichtoure gelaf. Et war dat déi al “Bannmillen“ oder de Käler Leit besser als “Pepengsmillen“ bekannt. No enger opwändeger Restauréierung huet d’Gemeng hei ganz Aarbecht geleescht. Eraus koumen, e schéine grousse Proufsall mat enger wonnerbarer Akustik, ee grousse Bureau dee fir Comitéssitzungen, Solfègecours’en an als Archivraum ka genotzt ginn, and last but not least, dee sougenanntenen “Jimmy’s Inn”, deen dofir suergt datt d’Musikanten sech tëschent de Prouwen erblose kënnen an duerno net ze fréi heem ginn. Mat grousser Begeeschterung gouf de Sall an der aler Meederchersschoul um Widdem geraumt, an am Januar 1992 gouf dat neit Heem feierlech ageweit an offiziell senger Bestëmmung iwwerginn.

              Elo konnt d’Musek och nei Weeër goen, an esou goufe regelméisseg Solfègecours’en fir Kanner an Erwuessener organiséiert. Duerch den Asaz vu wëllege Musikanten ass et de Kanner méiglech hier éischt Schrëtt um gewieltenen Instrument zu Kayl ze maachen.

              2010 huet d'Käler Musek nach a weidere Schrëtt a Richtung Jugendaarbecht gemaach andeems si en neien Ensemble speziell fir d'Ufänger ënnert hire Memberen an d'Liewe geruff huet. Ënnert dem Numm "Schülerband" hëllt dës Formatioun souwuel Kanner wéi erwuessen Ufänger an hire Reien op fir se op d'Musizéieren an der Harmonie virzebereden. Mat der Aarbecht fir den Nowuess vun engem Veräin këmmert een sech, wéi gewosst, em d'Wuerzelen vun engem Bam, ouni déi och d'Kroun hir Kraaft verléiert. An deem Sënn gëtt dës Aufgab ganz eescht geholl an d'Friichte vun dëser Aarbecht wäerten d'Zukunft vun der Harmonie Ste Cécile schreiwen.

 

E grousse Merci un den Här Lucien Gillet, fir d´verfaassen vun dësem Bericht.

An och e grousse Merci un den Här Marcel Mille, wou e groussen Deel vun den Informatiounen fir dës Texter hier koumen.