Käler Musek

D'Käler Musek ass eng jonk an dynamesch Ekipp déi sech aus ronn 30 Museker zesummesetzt. Nieft der Musek déi am Mëttelpunkt vum Ganze steet, ass et eis och wichteg flott Momenter ënner Kolleegen ze verbréngen an eng gutt Ambiance ënnert eise Museker a Memberen ze hunn.
Um Programm stinn all Joers eis grouss Concerten, de Neijooschconcert, de Galaconcert an den Cecilieconcert. A natierlech och eng ganz Rei aner Aktivitéite gehéieren dozou, wéi ee Stage, eng 1. Mee- a Chrëschtfeier, d'Quetschefest, an och sëllege Sortië fir d'Gemeng.
Och fir Nowuess a Jugend gëtt sech engagéiert, ënner anerem mat engem Orchester fir Schüler an Ufänger (méi iwwert d'Schülerband hei).
Dirigent

Yannice Faber
Museker

Kommitee
