Schülerband

2010 gouf d'Schülerband vun der Käler Musek gegrënnt fir déi jonk, a manner jonk Schüler an Ufänger ze ënnerstëtze lues a lues de Wee an eis Musek ze fannen. Dësen Ensembel bitt hinnen d'Méiglechkeet schonn an een éischte Kontakt mat der Käler Musek ze trieden an ze léieren an engem Orchester mat Frënn zesummen ze spille wärend Ënnerstëtzung vu méi erfuere Museker gebuede gëtt.
2022 hunn sech d'Käler, Rëmelenger an Téitenger Musek zesumme gedoe fir ee méi grousse Jugendorchester ze forméieren. Dësen Ensemble huet am Februar 2023 een éischte Concert zesumme gespillt.
Dirigent

Marc Gillet
Mat 7 Joer koum hien an d'Käler Musek, wou e beim deemolegen Dirigent, dem Joël Sand, seng éischt Noute geléiert huet. Bei dësem huet hien och dono weider zu Esch am Conservatoire Trompett geléiert a Course wéi Solfège an Dechiffrage beluet. Iwwert d'Joren huet hien nach Coursen an der Perkussioun fir Clavieren zu Diddeleng an der Musekschoul, an och Coursen am Piano zu Esch am CAVEM geholl.
Seng Studien huet de Marc op der Aberystwyth University an op der University of Sussex zu Brighton an der englescher Literatur gemaach. Och hei huet hien sech musikalesche Formatiounen ugeschloss wéi der Aberystwyth University Wind Band, der Aberystwyth Silver Band an dem Symphonieorchester Philomusica of Aberystwyth.
Haut schafft hien als Engleschproff am Lycée Hubert Clement zu Esch a spillt niewebäi an de Reie vun der Käler Musek, der Nobbie Dixie Band an och an der Brass Band vum Escher Conservatoire.
Zënter 2010 dirigéiert hien d'Käler Schülerband.
Museker
